top of page

Hëlleft mat de Beruff vum Psycholog hei zu Lëtzebuerg endlech ze reglementéieren!

Gehéiert Dir hei am Land zu Deenejéinegen déi iwwerzeegt sinn eng qualifizéiert Fachpersoun virun sech ze hunn, wann si bei ee Psycholog ginn?

Deem ass awer leider net ëmmer esou! De Beruff vum Psycholog ass hei zu Lëtzebuerg net reglementéiert a léist esou Dier an Paart op fir méiglechen Abus. 

Mei Infos

D’Société Luxembourgeoise de Psychologie (SLP) gëtt a reegelméissegen Ofstänn mat Doleancen a Plaintë vu Patienten / Clienten iwwer sougenannte “Psychologen“ konfrontéiert, déi weder déi néideg Kompetenz nach noutwendeg Qualifikatioun hunn. Ouni gesetzlech Reglementatioun kann an esou Fäll awer näischt ënnerholl ginn. Dësen Zoustand schued net nëmmen dem Patient / Client, mee och dem ganze Beruffsstand vum Psycholog.

D’SLP gëtt och ëmmer ëfters vu Persounen mat ongenügenden Qualifikatioune kontaktéiert mam Wonsch sech berufflech hei zu Lëtzebuerg z’etabléieren. Och wann d’SLP an esou Fäll eng Memberschaft refuséiert, hënnert näischt dës Persounen drun hei zu Lëtzebuerg als Psycholog ze schaffen.


Zudeem riskéiere mir als eent vun deene leschte Länner ouni Reglementatioun vum Beruff  an Europa nach méi onqualifizéiert Praktiker unzezéien, well dës an den Nopeschlänner keng Autorisatioun kréien.

 

D’Demande vun der SLP fir de Beruff vum Psycholog ze reglementéieren stéisst zënter Joren säitens de Ministèren op kee Gehéier, obwuel eng Reglementatioun eng adequat psychologesch Prise en charge vum Matbierger garantéiert an hien viru Pseudo-Psychologen schützt.

Ennerstetzen

Eis ënnerstëtzen

Mir hoffen, dass Dir eis ënnerstëtzt fir déi politesch Responsabel endlech dozou ze beweegen de Beruff vum Psycholog ze reglementéieren. Mir soen Iech och Merci dësen Opruff weider ze deelen. Gidd Är Stëmm of andeems dir dësen Formular ënnerschreift.

​Är E-Mail Adress gët net verëffentlecht

Dir hutt ënnerschriwwen. Villmols merci!

Download_psydroppsdryn.png
Hei kënnt dir och eisen Pouster downloaden

Fir weider Informatiounen stinn mir Iech gären zur Verfügung

bottom of page