top of page

Hëlleft mat de Beruff vum Psycholog hei zu Lëtzebuerg endlech ze reglementéieren!

Gehéiert Dir hei am Land zu Deenejéinegen déi iwwerzeegt sinn eng qualifizéiert Fachpersoun virun sech ze hunn, wann si bei ee Psycholog ginn?

Deem ass awer leider net ëmmer esou! De Beruff vum Psycholog ass hei zu Lëtzebuerg net reglementéiert a léist esou Dier an Paart op fir méiglechen Abus. 

Mei Infos

D’Société Luxembourgeoise de Psychologie (SLP) gëtt a reegelméissegen Ofstänn mat Doleancen a Plaintë vu Patienten / Clienten iwwer sougenannte “Psychologen“ konfrontéiert, déi weder déi néideg Kompetenz nach noutwendeg Qualifikatioun hunn. Ouni gesetzlech Reglementatioun kann an esou Fäll awer näischt ënnerholl ginn. Dësen Zoustand schued net nëmmen dem Patient / Client, mee och dem ganze Beruffsstand vum Psycholog.

D’SLP gëtt och ëmmer ëfters vu Persounen mat ongenügenden Qualifikatioune kontaktéiert mam Wonsch sech berufflech hei zu Lëtzebuerg z’etabléieren. Och wann d’SLP an esou Fäll eng Memberschaft refuséiert, hënnert näischt dës Persounen drun hei zu Lëtzebuerg als Psycholog ze schaffen.


Zudeem riskéiere mir als eent vun deene leschte Länner ouni Reglementatioun vum Beruff  an Europa nach méi onqualifizéiert Praktiker unzezéien, well dës an den Nopeschlänner keng Autorisatioun kréien.

 

D’Demande vun der SLP fir de Beruff vum Psycholog ze reglementéieren stéisst zënter Joren säitens de Ministèren op kee Gehéier, obwuel eng Reglementatioun eng adequat psychologesch Prise en charge vum Matbierger garantéiert an hien viru Pseudo-Psychologen schützt.

Ennerstetzen

Eis ënnerstëtzen

Mir hoffen, dass Dir eis ënnerstëtzt fir déi politesch Responsabel endlech dozou ze beweegen de Beruff vum Psycholog ze reglementéieren. Mir soen Iech och Merci dësen Opruff weider ze deelen. Gidd Är Stëmm of andeems dir dësen Formular ënnerschreift.

​Är E-Mail Adress gët net verëffentlecht

Dir hutt ënnerschriwwen. Villmols merci!

  • Wat ass een Psycholog?
    Psychologe si wëssenschaftlech ausgebilt Fachleit vum psychesche Fonctionnement, Erliewen a Verhale vum Mënsch. Si gi qualifizéiert duerch een Universitéitsstudium am Haaptfach Psychologie vun op mannst 5 Joer (300 ECTS). Psychologen schaffen a ganz ënnerschiddleche Beräicher, z.B. an der klinescher Psychologie, an der Educatioun an Erzéiung, an der Aarbechtswelt, am Sozialen oder am Kader vu juristeschen Expertisen. Klinesch Psychologe si spezialiséiert op psychesch Stéierungen. Vill vun hinnen sinn och als Psychotherapeuten gesetzlech unerkannt.
  • Wéi soll de Beruff reglementéiert ginn?
    Fir zu Lëtzebuerg als Psycholog kënnen ze schaffen soll eng Autorisatioun obligatoresch sinn. Wéi soss an Europa soll all Demandeur een Universitéitsdiplom vun engem komplette Cycle an der Psychologie (300 ECTS) virweisen. Nëmmen esou ass eng adequat berufflech Qualifikatioun garantéiert. Weiderhin soll een Conseil disciplinaire an d’Liewe geruff ginn, deen den Respekt vum Code de déontologie an d’Praxis kontrolléiert an am Fall vun Infraktiounen intervenéiere kann. Vu dass psychologesch Interventioune sech net nëmmen op de Gesondheetsberäich limitéieren (sou ass psychologesch Expertise zum Beispill och ganz wichteg an de Beräicher Educatioun an Erzéiung, an der Aarbechtswelt, am Sozialen oder am Kader vu juristeschen Expertisen) an Entscheedunge vu Psychologen oft e ganz groussen Impakt op d’Entwécklung an d’Liewe vu Matmënschen hunn, ass et wichteg dass dës Autorisatioun fir Psychologen fir sämtlech Aarbechtsfelder vum Psycholog gëllt.
  • Wat ass den Ënnerscheed tëscht engem Psycholog, engem Psychotherapeut an engem Psychiater?
    Psychologe si wëssenschaftlech ausgebilt Fachleit vum psychesche Fonctionnement, Denken, Fillen, Erliewen a Verhale vum Mënsch. Si gi qualifizéiert duerch een Universitéitsstudium am Haaptfach Psychologie vun op mannst 5 Joer (300 ECTS) Ee Psycholog kann a ganz ënnerschiddleche Beräicher schaffen, z. B. an der klinescher Psychologie, an der Educatioun an Erzéiung, an der Aarbechtswelt, am Sozialen oder am Kader vu juristeschen Expertisen. Klinesch Psychologe si spezialiséiert op psychesch Stéierungen. Vill vun hinnen sinn och als Psychotherapeuten gesetzlech unerkannt. Psychiatere si Medezinner. No engem Medezinstudium spezialiséieren si sech an der Psychiatrie. De Beruff vum Medezinner ass gesetzlech reglementéiert. Psychotherapeute si Psychologen oder Medezinner (meeschtens Psychiateren) mat enger vum Staat unerkannter Zousazausbildung an der Psychotherapie. D‘Psychotherapie ass gesetzlech duerch eng „Autorisation d’exercer“ geschützt.
  • Wat ass d’SLP?
    D’Société Luxembourgeoise de Psychologie ass déi representatiivst Associatioun vun diploméierten Psychologen an Psycholog-Psychotherapeuten zu Lëtzebuerg. Se zielt méi wéi 475 aktiv Memberen, dovunner si ronn 180 als Psychotherapeuten unerkannt. D’SLP ass säit 2001 offizielle Member vun der Federatioun vun den europäeschen Psychologeverbänn (EFPA). www.slp.lu
  • Wat ass den Objektiv vun dëser Campagne?
    De Legislateur hei zu Lëtzebuerg dozou beweegen de Beruff vum Psycholog beruffsfeldiwwergräifend ze reglementéieren.
  • Wien kann ënnerschreiwen?
    Jiddereen deen dës Initiativ wäertvoll fënnt an ënnerstëtzen wëll. Dank Äre villen Ënnerschrëfte sinn déi politesch Responsabel éischter gewëllt endlech Neel mat Käpp a punkto Reglementatioun vum Beruff ze maachen.
  • Wéi eng Ënnerschrëft réckgängeg maachen?
    Zu all Moment kann e Signataire froen seng Ënnerschrëft rëm ze läschen. Einfach eng Email op contact@slp.lu schécken.
  • Wat geschitt mat de Donnéeë vum Signataire?
    Säin Numm a Virnumm kann op dësem Site publizéiert ginn. De Signataire kann duerch seng Ënnerschrëft iwwer de weidere Verlaf vun dëser Initiative informéiert ginn. Säin Numm a seng Donnéeë gi fir keng aner Zwecker benotzt.
Download_psydroppsdryn.png
Hei kënnt dir och eisen Pouster downloaden

Fir weider Informatiounen stinn mir Iech gären zur Verfügung

bottom of page